Shadows‘ Night 2026 : Metal fir jiddereen
28. Nov. @ 18:30
Free
Shadows’ Night 2026: Metal fir jiddereen
D’Shadows’ Night 2026 ass e gratis Metal-Festival, deen den 28. November 2026 am Centre Culturel Machera stattfënnt. Organiséiert gëtt de Festival vun der Shadows’ Night ASBL a Kooperatioun mat der Regionaler Maacher Musekschoul, Metality an dem INECC (Institut de Chant Choral).
Op der Bühn stinn dëst Joer eng Rei regional Bands aus Lëtzebuerg, der Regioun Tréier an dem Saarland, dorënner Next Deed, Rotten Soil, Jesterain, Fanfare Gouschteng-Beyren goes Metal a ShadoWhisperS. Ausserdeem trëtt déi ganz nei a jonk Band ERASR op, déi aus dem Metality-Projet „me:talent“ ervirgaangen ass.
Fir eng ganz besonnesch musikalesch Erfahrung suerge Heavy Hoempa aus Holland, déi Metal op Blosinstrumenter interpretéieren. Och de Public kënnt op seng Käschten: Beim mëttlerweil legendäre Metal-Choraoke vum INECC ass jidderee wëllkomm fir aus dem Public eraus matzesangen.
Nieft engem ofwiesslungsräiche musikalesche Programm ginn et Iessen a Gedrénks souwéi vill Stänn vu lokale Bands an Associatiounen.
Den Entrée ass fräi.
Schonn am Virfeld vum Festival organiséiert d’Shadows’ Night ASBL de 15. November 2026 de Shadows’ Day. Um Programm stinn Liesunge fir Kanner a Jonker zum Thema Metal a mental Gesondheet, ënner anerem mam Buch „Micha und der Metal“ vum Dr. Nico Rose an dem Buch „Don’t be Poe!“. Doriwwer eraus bitt d’Ligue Santé Mentale e Workshop un.
Och de Shadows’ Day ass gratis. Fir d’Liesungen an d’Workshops ass awer eng Virumeldung erfuerderlech.
Fir Sängerinnen, Sänger a Museker ginn zousätzlech Workshops ugebueden, dorënner e Workshop fir Harsh Vocals mam Sandra Lutz vun der Band Parity souwéi Workshops fir Bléiser mat Heavy Hoempa.
Méi Informatiounen an d’Umeldunge fir d’Liesungen, d’Workshops an d’Stänn fannt Dir op http://www.shadowsnight.com .
