Festival – Sparkling Voices
2. Mai @ 19:00

Am Joar 2026 feiert de Kanner- a Jugendchouer Muselfénkelcher vu Gréiwemaacher säi 50. Anniversaire.
En hallef Joerhonnert ass et also schon hir, datt eise Chouer – dee vum Adely a Jean-Pierre Urwald-Krier gegrënnt ginn ass – ee grousst Zil verfollegt, an zwar d’Freed um Sange bäi de Kanner a Jugendlechen ze verbreeden. A genee an deem Sënn wëlle mir och eise 50. Jubiläum feieren: mam groussen internationale Kanner- a Jugendchouerfestival « Sparkling Voices », deen den 1. an 2. Mee 2026 jonk Sängerinnen a Sänger aus Däitschland, Spuenien, Island an natierlech aus Lëtzebuerg zu Gréiwemaacher zesummebréngt.
Den 1. Mee sinn tëschent 15 a 17 Auer kleng Concerte vun de bedeelegte Chéier op verschiddene Plazen a Maacher geplangt (Kierch, Osburghaus, Altersheem).
Den 2. Mee ass dann owes um 19 Auer de groussen Ofschlossconcert mat alle Chéier am Centre culturel « Machera ».
Déi zwee Deeg kënnt dir folgend Chéier héieren: Dresdner Mädchenchor (D), Wolfratshauser Kinderchor (D), Skólakór Kársness (IS), Chorale Els Virolets (Palafrugell, ES), Pueri Conatores (L), Chorale Muselfénkelcher (L)
Tickets fir den Ofschlossconcert gëtt et op luxembourg-ticket.lu
