Brass & Voices
D’Maacher Chorale huet d’Freed, Iech häerzlech op e ganz besonnesche Concert anzelueden, deen zesumme mat der Harmonie Union Troisvierges organiséiert gëtt.
De Concert ass an zwee kontrastvoll Deeler opgebaut:
Am éischten Deel steet déi Elwenter Musek am Mëttelpunkt, zesumme mam international renomméierten Euphonium-Virtuos Glenn van Looy. Um Programm stinn ënner anerem:
UFO Concerto (Johan de Meij)
Song for Ina (Philip Sparke)
Gipsy Airs (Pablo de Sarasate)
Brillante (Peter Graham)
Dësen Deel versprécht virtuos, expressiv an technesch beandrockend Momenter.
Am zweeten Deel vereene sech d’Maacher Chorale an d’Elwenter Musek fir eng grouss Rees duerch d’Welt vun der Filmmusek mat Wierker vu bekannte Komponisten ewéi Hans Zimmer, James Horner, Howard Shore, Ennio Morricone an aneren,
Dëse musikaleschen Deel gëtt zousätzlech ënnerstëtzt vum Orchester L’Estro Armonico a garantéiert eng emotional an epesch Klangerfarung.
Kanner bis 12 Joer kommen gratis eran!
