Skip to content Skip to footer
Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

Brass & Voices

14. Juni @ 17:00

15€
D’Maacher Chorale huet d’Freed, Iech häerzlech op e ganz besonnesche Concert anzelueden, deen zesumme mat der Harmonie Union Troisvierges organiséiert gëtt.
De Concert ass an zwee kontrastvoll Deeler opgebaut:
Am éischten Deel steet déi Elwenter Musek am Mëttelpunkt, zesumme mam international renomméierten Euphonium-Virtuos Glenn van Looy. Um Programm stinn ënner anerem:
UFO Concerto (Johan de Meij)
Song for Ina (Philip Sparke)
Gipsy Airs (Pablo de Sarasate)
Brillante (Peter Graham)
Dësen Deel versprécht virtuos, expressiv an technesch beandrockend Momenter.
Am zweeten Deel vereene sech d’Maacher Chorale an d’Elwenter Musek fir eng grouss Rees duerch d’Welt vun der Filmmusek mat Wierker vu bekannte Komponisten ewéi Hans Zimmer, James Horner, Howard Shore, Ennio Morricone an aneren,
Dëse musikaleschen Deel gëtt zousätzlech ënnerstëtzt vum Orchester L’Estro Armonico a garantéiert eng emotional an epesch Klangerfarung.
Ticketen sinn ab elo am Vierverkaaf enner dësem Link disponibel:

 

Wéi gewinnt ginn et och Tickets an der Oweskeess. Kanner bis 12 Joer kommen gratis eran!

Details

Date:
14. Juni
Time:
17:00
Cost:
15€
Event Category:
Machera_logo_whitex2
Logo_Ville-de-Grevenmacher_Waiss
LOGO_KULTURPASS-white