Kabaret Sténkdéier – ‚Et gëtt héich Zäit‘
21. März. 2026 @ 20:00

Eise schéine bloe Planéit brennt, d’Loyere klamme méi séier wéi de Mieresspigel, déi Räich ginn ëmmer méi räich – a wärend ronderëm eis d’Bomme falen, streide mir Europäer mat eisen Noperen iwwer d’Grenzkontrollen. De Rietspopulismus verdréit eis d’Wierder am Mond, wärend mer am Stau stinn an eis wonneren, wéi et esou wäit komme konnt. An um Enn bezuelen ëmmer déi Falsch. Wéi laang wëlle mir nach nokucken? A wat kënne mir iwwerhaapt nach maachen?
“Et gëtt héich Zäit” ass dem Kabaret Sténkdéier säi Wecker – pointéiert a batterbéis an op kee Fall neutral. Wie sech iwwer d’Absurditéite vun eiser Zäit wonnert a verzweifelt no engem.
Well eppes ass kloer: Schounfrist war gëschter – elo gëtt et héich Zäit!
Mam | Conny Braquet, Liette Engel, Joëlle Muller, René Engel & Luc Schumacher
Texter | Roland Meyer
Musek | Camille Nanquette
Regie | Joe Heintzen
