Festival – Sparkling Voices
En hallef Joerhonnert ass et also schon hir, datt eise Chouer – dee vum Adely a Jean-Pierre Urwald-Krier gegrënnt ginn ass – ee grousst Zil verfollegt, an zwar d’Freed um Sange bäi de Kanner a Jugendlechen ze verbreeden. A genee an deem Sënn wëlle mir och eise 50. Jubiläum feieren: mam groussen internationale Kanner- a Jugendchouerfestival « Sparkling Voices », deen den 1. an 2. Mee 2026 jonk Sängerinnen a Sänger aus Däitschland, Spuenien, Island an natierlech aus Lëtzebuerg zu Gréiwemaacher zesummebréngt.
